Budget 2014

Publié le

déi gréng Stad Lëtzebuerg begréisse Budgetsprojet a fuerdere weider wichteg Zukunftsinvestitiounen

D’Populatioun an d’Aarbechtsplazen an der Stad Lëtzebuerg wuessen. Fir d’Liewensqualitéit ze erhalen a souguer ze verbesseren, musse wichteg Zukunftsinvestitiounen am Sënn vun enger méi nohalteger Stad gemaach ginn. Dofir proposéiert d’Majoritéit och eng Motioun fir eng méi “Smart City” ze ginn.

Budget Participatif

Mam Projet vum Biergerbudget gouf d’Transparenz, d’Informatioun an den Dialog mam Bierger a Punkto Budget verbessert. Deen flotte Projet soll elo evaluéiert an d’nächst Joer verbessert ginn, fir dass nach méi Leit matmaachen. Déi Stater Gréng freeën sech och op d’Biergerbedeelegung am Kontext vun der Ausschaffung vum PAG, déi 2014 wärt ulafen.


Logement

Och wann d’Gemeng scho vill Efforte gemaach huet, sou sinn d’Wunnengspräisser an der Stad ëmmer nach vill ze héich.
D’Gemeng muss dofir weider massiv an de Wunnengsbau investéieren an esou bezuelbare Wunnraum schafen. Nieft de bekannte Forme vun Ierwpacht, Location/Vente, Locatioun a Sozialwunnechten, soll een awer och d’Méiglechkeete vu Baugenossenschaften (Z.B. Model Freiburg) analyséieren.
Kéint d’Gemeng net och méi vun hirem Virkafsrecht profitéiere fir esou méi Méiglechkeete fir ze investéieren ze hunn?
Déi Stater Gréng fuederen awer och eng Taxe op Wunnengen déi eidel stinn oder falsch benotzt ginn, fir esou d’Offer um Marché ze erhéijen.


Commercen an de Quartieren

Déi kleng Butteker an de Quartiere gi leider ëmmer méi rare. Et kéint een zum Beispill an de Bebauungspläng méi kleng Commercë virgesinn a bei den eegene Bauprojeten déi Lokaler och nach zu engem gudde Präis zur Verfügung stellen.

 
Kanner

Déi Stater Gréng si frou, dass weider vill an d’Schoulen a Strukture fir Kanner investéiert gëtt a froen, wéi et ëm d’Ëmsetzung vun den innovative Projete Crèche 24h/24h, Bëschspillschoul an d’Plënnere vum Carré Rotandes steet.
 

Ëmwelt an Energie

Déi Stater Gréng fuerderen ee weidert konsequent Ëmsetze vum Ëmweltaktiounsplang a freeën sech zum Beispill dass de Bëschkierfescht gläich Realitéit gëtt.

D’Gemeng muss awer nach méi aktiv ginn an der Produktioun vun alternativen Energien. Virun allem duerch d’Cogeneratioun mat Gaz naturel. Sief dat Elektresch, a vrun allem Chauffage urbain, wou et nach vill Potential gëtt. Déi Stater Gréng bedaueren hei de Retard dee mir hunn fir d’Energie vun der SIDOR an dem Chauffage Urbain op der Cloche d’Or anzespeisen. Mir waarden och gespaant op de Solarkadaster.

 
Tram

De grousse Mobilitéitsproblem an der Stad ass bekannt an d’Konzepter leien um Dësch. Den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit musse weider prioriséiert ginn. Déi Stater Gréng fuerderen dass d’Konzept MODU mam Tram elo séier ëmgeseet gëtt, fir esou d’Liewensqualitéit an d’Attraktivitéit vun der Stad ze erhalen.


Carsharing

De Stater Projet vum Carsharing muss elo séier ëmgesat ginn. Well vill Bierger dann op hiren Auto verzichte kennen, gëtt de motoriséiere Verkéier esou an der Stad méi kleng. Et soll een awer och mat der Regierung schwätzen, fir dee Projet séier op de nationalem Niveau auszeweiten.
 

Foussgänger a Vëlo

Déi Stater Gréng begréissen dass elo e Foussgängerkonzept wärt ausgeschafft ginn. Och d’Infrastrukture fir de Vëlo musse konsequent verbessert ginn. Nëmmen eng gutt a sécher Infrastruktur fir Cyclisten, motivéiert vill Bierger fir de Vëlo ze notzen.
Vëlosbréck iwwer Neiduerf vum Cents op de Weimeschhaff an de Kierchbierg
D’Vëlosbréck fir d’Quartieren Neiduerf, Cents, Weimeschhaff an de Kierchbierg mateneen ze verbannen ass immense wichteg. Wéinst der Topographie vun der Stad sinn esou innovativ Projeten néideg. Zenter 2011 läit deen Projet fäerdeg am Tirang; déi Stater Gréng fuerderen, dass deen Projet elo séier ëmgesat gëtt.