Invitatioun: Konscht pour tous

Publié le

déi gréng Stad Lëtzebuerg invitéieren den 21.09.2021 um 19:00 am Sang a Klang (1 Rue des Trois-Glands, 1629 Luxembourg) op eng Table Ronde zum Thema « Konscht pour tous ».

Lëtzebuergesch / Français

Facebook-Event

 

 

 

déi gréng Stad Lëtzebuerg invitéieren den 21.09.2021 um 19:00 am Sang a Klang (1 Rue des Trois-Glands, 1629 Luxembourg) op eng Table Ronde zum Thema « Konscht pour tous ».

Wat bréngt Konscht der Stad an senge Bierger.inne? An wat soll d’Stad fir d ‘Konscht an seng Bierger.inne maachen? Wat fir kulturell Angeboter gëtt et? Ass den Zougang zur Konscht an all senge Formen fir all sozial Schichten, Altersklassen an Gemeinschaften gewährleescht?

Dräi Themen sollen dësen Owend verdéiwend diskutéiert ginn: 

  • Konscht an den Quartieren: Wat bréngt Konscht dem Quartier a sengen Awunner.innen ?  
  • Konscht an eng inklusiv Politik: Wéi kann Konscht an der Stad zu enger interkultureller an gendergerechter Gesellschaft bäidroen?
  • Konscht an Ekologie: Kann, soll, muss Konscht ecoresponsable sinn?

Eis Invitéen sinn d’Antonia Ganeto (Finkapé)Claire Wagner (ASPRO)Paul Thiltges (Produzent) an Ainhoa Achutegui (Neimënster).

Duerch d ‘Diskussioun féiert de Robert Garcia.

D’Sam Tanson, Kulturministesch an d’Claudie Reyland, Gemengenréitin vun déi gréng an der Stad wäerten ofschléissend eng Konklusioun vun der Diskussioun zéien.

Sprooch: lëtzebuergesch, mat franséischer Iwwersetzung.

Et gëllt den Covid-Check, d.h. et ginn nëmmen Persounen di entweder geimpft, genesen oder (negativ) getestet sinn, zougelooss.

 

déi Gréng Stad Lëtzebuerg invitent le 21.09.2021 à 19:00 au Sang a Klang (1 Rue des Trois-Glands, 1629 Luxembourg) à une Table Ronde ayant pour thème « Konscht pour tous ».

Que doit apporter l’art à la ville et à ses citoyen.ne.s ? Et que doit faire la ville pour l’art et ses citoyen.ne.s ? Quelles offres culturelles existent ? Est-ce que la ville arrive à offrir un accès à l’art dans toutes ses formes àtoutes les classes sociales, tranches d’âge et communautés ?

Nous aborderons plus en profondeur 3 thèmes :

  • L’art dans les quartiers: Que devrait apporter l’art aux quartiers et à ses habitant.es?
  • L’art e(s)t une politique inclusive: Comment l’art en ville peut mener à une société interculturelle et inclusive?
  • Art et écologie : Est-ce que l’art peut, doit être écoresponsable ?

Nos invité.e.s sont Mme Antonia Ganeto (Finkapé), Mme Claire Wagner (ASPRO), M. Paul Thiltges (Producteur), et Ainhoa Achutegui (Neimënster)

Modération : M. Robert Garcia.

Madame Sam Tanson, Ministre de la Culture et Madame Claudie Reyland, Conseillère communale de déi gréng à Luxembourg-Ville tireront les premières conclusions suite à la discussion.

Langue: luxembourgeois avec une interprétation simultanée en français.

Le régime Covid-Check sera appliqué. L’accès dans la salle est autorisé uniquement aux personnes vaccinées, guéries ou pouvant présenter un test négatif authentifié.