Motioun: Égalité des chances entre tous les genres

Publié le

Service an Kommissioun an « à l’égalité entre tous les genres » ëmbenennen an Zerwiss opstocken

Wa mir d'LGBTIQA+ Communitéit richteg an onser Gesellschaft wëllen unerkennen, da geet d'« Égalité des chances entre les femmes et les hommes » net méi duer. Dofir hu mir elo am Stater Gemengerot eng Motioun deposéiert fir di berodend Kommissioun, wéi och den zoustännege Service ëmzebenennen als Service an Kommissioun « à l’égalité entre tous les genres » an dass den Zerwiss opgestockt gëtt.